07/11/2015 Hydrantendag

Den 7. November hun d´Memberen vum Centre d'Incendie et de Secours Grevels an der ganzer Gemeng Wahl d'Hydranten kontrolléiert. Eng wichteg Aufgab an schons eng laang Traditioun.
Moies um 9 Auer gung et lass - et gouf sech an 5 Equippen opgedeelt an dei iwwer 100 Hydranten goufen kontrolléiert an d'Arbecht dokumenteiert - dat tradionellt gemeinsamt Mettegiessen dono am Pompjeesbau huet natirlech och nit däerfen feelen. Desweideren hun deen Dag 2 Memberen un der regionaler Ausbildung zum Ootemschutzgeträger deelgeholl.